Vill Päiperleken zu MaacherIwwer 500 Pimpampelen an aner Déieren

RTL Lëtzebuerg
Ronn 40.000 Visiteuren zielt de Päiperleksgaart all Saison. Geréiert gëtt e vum Grupp "elisabeth", wou och d'Inclusioun eng wichteg Roll spillt.

Zu Gréiwemaacher laanscht d’Haaptstrooss gëtt et zanter 1989 de Päiperleksgaart. Op enger Surface vu 600 Metercarré kann een hei ganz exotesch Päiperleke bestaunen. Et ass nämlech en exotesche Gaart. “Vu Costa Rica oder ënner anerem de Philippinne kréie mir d’Päiperleken”, esou d’Maud Hansen, Responsabel vum Päiperleksgaart. D’Bestellung vun dësen Déiere gëtt ëmmer am Ufank vun der Saison opginn. “Munchmol ginn och zousätzlech Bestellunge gemaach. Do ginn dann extra Aarte bestallt. Sou kënne mir de Leit eng Villfalt an Ofwiesslung ubidden”, seet nach d’Maud Hansen.

Tëscht 40 bis 50 verschidden Zorte Pimpampele fléien zu Maacher am Gaart. An der Haaptsaison sinn eng 500 Päiperleken ze gesinn. “Mir kréien all Woch Liwwerunge vu Poppen. Zousätzlech vermehre sech d’Päiperleken och am Gaart. Elo ëm dës Zäit, wou alles dicht bewuess ass am Gaart, ass natierlech en Héichpunkt, wou och ganz vill Päiperleke fléien”.

Geschicht vum Gaart

D’Famill Clasen vu Bernard-Massard hat viru 36 Joer dëse Päiperleksgaart an d’Liewe geruff an och laang Jore geréiert.

Am Joer 2011 huet d’Filial “Yolande Coop” vum Grupp “elisabeth” de Gaart iwwerholl. Dëst mat der Iddi en Atelier protégé, fir geeschteg behënnert Leit ze schafen. “Engersäits sollt de Päiperleksgaart weidergefouert ginn, well et eng beléiften Touristenattraktioun ass a mir als sozialen Träger hei am Land hunn dunn decidéiert, en Atelier d’inclusion professionelle drauszemaachen a Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung hei ze beschäftegen”, esou d’Responsabel vum Päiperleksgaart am RTL Interview.

10 Leit, déi en Handicap mental hunn, schaffen um Site. Opgedeelt an zwou Ekippen. “Déi eng schaffen am Gaart a këmmere sech ëm alles, wat hei ufält. Poppen, déi ukommen, d’Planzen. Kucken, dass alles schéi propper ass, dass alles schéin zréckgeschnidde gëtt. Eng zweet Ekipp schafft am Shop an an der Brasserie. Si hu ganz vill direkte Kontakt mat de Visiteuren, huele Reservatiounen entgéint a schaffen an der Kees”, esou d’Maud Hansen.

28 Grad an eng Loftfiichtegkeet vun 80 Prozent. Dëst brauchen d’Päiperleken, fir z’iwwerliewen. “D’Päiperleke setze sech haaptsächlech op d’Blummen a saugen de Nektar op. Dat maache si op de ville Planzen, déi mir hei bannen hunn. Zum Deel fiddere mir awer och e bëssi no andeems mir hinnen op klengen Telleren Nektar a Friichten dohinner setzen. Sou kréie si déi Närstoffer, déi si och brauchen”. Dëst kréien ech vun der Responsabel vum Päiperleksgaart erzielt.

D'Responsabel vum Päiperleksgaart am Interview
De Gaart ass prett fir d’Pimpampelen.

Kuerz Liewensdauer fir d’Päiperleken

De Gros vun de Päiperleken am Gaart zu Gréiwemaacher hunn nëmmen e kuerzt Liewen. Bis maximal zwou Woche gi si al. “Mir hu souguer Nachtfalter, déi nach méi kuerz liewen. Déi hu just eng Liewensdauer vun nëmmen e puer Deeg”, erkläert d’'Maud Hansen.

D'Maud Hansen am Gespréich
D’Liewensdauer vun engem Päiperlek.

Nieft de Pimpampele gesäit een hei am Päiperleksgaart awer och ënnerschiddlech Villercher, Fësch, Chameleonen, e Beiestack an eng grouss Deckelsmouk. “Mir leeën och ganz vill Wäert op eng aartgerecht Haltung a schaffen dowéinst mat enger Veterinärin zesummen. Si kënnt reegelméisseg kucken”.

Päiperleksgaart: beléiften Touristenattraktioun

Et gëtt kaum e Kand, wat wärend senger Schoulkarriär hei net passéiert ass”, seet d’Maud Hansen. “Mir schaffen hei och ganz pedagogesch. Mir hu Schëlder duerch de ganze Gaart mat Erklärungen, mir hunn en Audio Guide a véier Sproochen. Esou ass et interessant fir Touristen, d’Familljen awer och fir Schoulklassen a Maisons Relaisen an aner Gruppen”.

An dësem tropesche Gaart sollen d’Leit sech Zäit huelen. Sech och emol setzen an einfach just kucken. Dofir däerfe maximal 60 Leit pro Stonn an de Päiperleksgaart eran. Sou soll et fir d’Visiteuren, d’Mataarbechter, Déieren an d’Planzen agreabel.

Dat lescht Joer gouf e Rekord u Visiteure verzeechent. Ronn 45.000 Leit koumen an de Päiperleksgaart. An der Reegel sinn et ëm déi 40.000 Visiteuren.

De Shop am Päiperleksgaart

Souvenire ronderëm de Päiperleksgaart an eege Produite kann een an hirem Shop kafen. An den aacht Ateliers professionnels vun der Yolande Coop gi verschidde Produiten hiergestallt. “Mir hunn eng Bäckerei, e Seefenatelier. A mir hunn e Bichereck.”

Den Pit Frank am RTL Interview
D’Aarbecht am Gaart.

De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher huet vum 1. Abrëll bis Enn Oktober seng Diere fir de Publik op. Den Entréesbilljee soll een online kafen. De Präis läit bei 10 Euro. D’Visitt dauert ronn eng Stonn.

Um Internetsite www.papillons.lu fënnt een all weider Informatioune ronderëm de Päiperleksgaart.

Back to Top
CIM LOGO