Grouss Spréng waren duerno net méi dranKänguru leescht sech Course-poursuite mat der Oochener Police

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moien hunn d'Beamte vun der Police zu Oochen hir Ausdauer missen ënner Beweis stellen.
© Polizei Aachen

Grond dofir war ee "klengt Känguru", dat vun Doheem ausgebéchst war, "a seng Excursioun nach e bësse verlängere" wollt, deelt d'Police mat. Vun der Foto, déi d'Beamte bei hirer Meldung matgeliwwert hunn, ass schwéier ze soen, ob et sech wierklech ëm ee klengt Känguru, oder awer villäicht ee Walibi kéint handelen.

Ugefaangen hat den ongewéinlechen Asaz op alle Fall géint 8:30 Auer, wou ee Mann - bestëmmt e bëssen ausser Otem - um Policebüro ugeruff huet. Zu deem Zäitpunkt hat hie scho ronn annerhallef Stonne laang probéiert, de Känguru anzefänken. Esou einfach huet d'Déier et dem Mann allerdéngs net gemaach an huet sech zimmlech gutt doranner gewisen, dem Mann - an duerno och de Beamten - ze entgoen.

Eng Patrull vun der Oochener Police huet d'Poursuite opgeholl, wat dem Känguru genuch Zäit ginn huet, et sech tëschenduerch e bëssen an enger Heck gemittlech ze maachen. Iergendwann hat et awer wuel selwer och net méi esou vill Loscht, de Recht vu sengem Liewen op der Flucht ze verbréngen. No ronn enger Stonn haten d'Beamten d'Beideldéier sécher mat engem Netz agefaangen.

Weder Mënsch nach Deier goufe blesséiert, ma trotzdeem koum de Känguru no enger kuerzer Statioun beim Ordnungsamt bei een Déierendokter fir eng Kontroll.

Wou de Känguru hierkoum, ass iwwerdeems nach net gewosst. Sécher wier just eent, schreift d'Police vun Oochen an hirer Matdeelung: "Grouss Spréng ware wéinst der Middegkeet net méi dran."

Back to Top
CIM LOGO