Puppy YogaLëtzebuerger Veterinärsinspektioun stoppt illegal Yoga-Seance mat Welpen

Monique Kater
Shawna Fonk
Ouni Autorisatioun gouf den neie Yoga-Trend hei am Land op zwee Weekender duerchgefouert an dat mat Welpen, déi stonnelaang am Auto ënnerwee waren.
© Shawna Fonk

"Puppy Yoga has landed in Luxembourg: Mat deem Saz huet eng australesch Entreprise Mëtt Juli hir éischt Yoga-Seancë mat Welpen hei am Land annoncéiert. D'Coursë waren den 1. an 2. August zu Wickreng ouni Autorisation d'Etablissement. An och ouni eng Geneemegung beim Landwirtschaftsministère ze froen a Saachen Déierewuel.

No engem 2. Weekend Puppy Yoga zu Wickreng, wou och ouni Autorisatioun vun der Veterinärsinspektioun geschafft gouf, ass en 3. Rendez-vous an engem Yogastudio zu Bouneweg gestoppt ginn. Yoga mat Déieren – dat geet vu Geessen iwwer Lamae bis bei Kanéngercher a Kazen - ass en Trend, deen ëmmer méi Leit begeeschtert. Eng reegelrecht Euphorie gouf et zwee Weekender zu Wickreng.

Puppy Yoga
Lëtzebuerger Veterinärsinspektioun stoppt illegal Yoga-Seancen mat Welpen

Eng illegal Aktivitéit ouni Kontroll vum Déierewuel

Wickreng, de leschte Weekend am September: Kuschel-Zäit, genannt Puppy-, also Welpe-, Yoga. Mini-Mippercher sollen dofir suergen, datt eise Stress manner gëtt a Glécksgefiller am Plaz kommen. Si nenne sech Spëtzereider an Australien, elo si Yoga Paws zu Lëtzebuerg. Et ass e Geschäftsmodell, dee sech an de Soziale Medie formidabel verkeeft. Zu Wickreng waren zweemol véier Puppy-Yoga-Seancen ausverkaaft. D'Begeeschterung war grouss.

Fir Puppy-Yoga-Coursen ze ginn, brauch ee keng speziell Formatioun 

D'Welpe stéingen am Mëttelpunkt a Yoga géing hei nëmmen um Buedem gemaach ginn, fir d'Muppen net ze blesséieren, erkläert d'Yoga-Trainerin, déi eng Basis-Formatioun huet, mee keng bräicht, fir Puppy Yoga unzebidden. Yoga Paws hätten hir d'Grondreegele ginn an de Rescht géif nom bon sens geréiert ginn.

Veto vun de Veterinären: Welpe-Yoga ass géint d'Déierewuel 

Oppasse wéi een déi Kleng ophieft, se net forcéiere bei engem ze bleiwen – all déi Reegelen – en aart-, an altersgerechten Ëmgang wiere garantéiert, gëtt behaapt. An de Muppe géing et super gutt dobäi, erkläert den Ziichter aus Frankräich. Fir hir Sozialiséierung wier genee dat néideg!

D'Lis Stirn, Veterinärin vu Colmar-Bierg, leet hire Veto an: Welpe bräichten onbedéngt Rou a Schlof an et sollt een hir Sozialiséierung lues an doheem maachen. Och se esou jonk am Auto mathuelen, wier schlecht, dacks géif et deene Klengen och iwwel ginn. En anere Problem: ouni fräien Ausgang op eng Wiss zum Beispill géinge se net léieren, wou se dierfe Pippi maachen.

D'Veterinärin kontert also, grad ewéi d'Münchener Uni fir Veterinärsmedezin, déi 2024 schonn Alarm schléit, wat Puppy Yoga ugeet.

PDF: Expertise vun der Münchener Veterinär-Universitéit iwwer den Asaz vu Welpe bei Events

Fir den Ziichter ass esou en Event gratis Publicitéit

Den Ziichter aus Frankräich brauch bal zwou Stonne bis op Lëtzebuerg. D'Welpen, geschat net vill méi al wéi 8 Wochen, sinn ouni hir Mamm, sëtze véier Stonnen am Auto a goufe fir zwee Deeg hannerenee gebucht. Pro Dag also och nach véier Stonne schaffen! Esou jonk hätte se wuel kaum eng Tollwut-Impfung, sou d'Veterinärin. Se dierften einfach esou scho guer net iwwer d'Grenz.

D'Veterinärsinspektioun stoppt de Welpe-Yoga vu Yoga Paws

D'Veterinärsinspektioun huet keng Autorisatioun fir dës Yoga-Course ginn, well Yoga Paws keng ugefrot hunn, also illegal geschafft hunn. D'Seancen zu Bouneweg, de Weekend no deenen zu Wickreng, goufen no der Interventioun vun den Autoritéiten ofgesot a kuerzerhand op Metz verluecht. Och do hätt eng Geneemegung misse gefrot ginn. Um Internetsite vun der Gesellschaft mat Sëtz zu Olm gëtt den Ament weder zu Lëtzebuerg nach zu Metz Puppy Yoga ugebueden. Italien huet dës Geschäftsiddi iwwregens komplett verbueden. An de meeschten europäesche Länner gëtt recommandéiert, Puppy Yoga net zouzeloossen.

Puppy Yoga

De Reportage fënnt een och e Freideg den Owend am Journal vun der Telé an e Freideg de mëtteg um Radio. D'Reaktioun vun der concernéierter Ministesch a wéi d'EU géint esou Fräizäitsaktivitéite mat Déiere wëllt virgoen, gëtt et dann e Méindeg am Journal an de Weekend schonn online op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO