
De Mann, deen zu Brooklyn lieft, huet sech e Méindeg zu New York virun engem Geriicht schëlleg bekannt, méi wéi 220 Päck mat ronn 850 “Douseschildkröten” (Terrapene) a méi speziell “Dräi-Zéiwen-Doudeschildkröten” (Terrapene carolina triunguis) geschmuggelt ze hunn. D’Urteel gëtt sech fir den 23. Dezember erwaart.
D’Déieren, deenen hire Maartwäert wuel bei ronn 860.000 Euro dierft leien, goufe lieweg fir déi wochelaang Rees a Strëmp gewéckelt an duerno a Kartong verpaakt, huet den US-Justizministère erkläert.
D’Päck wiere mat der Opschrëft “Plastikspillsaach-Déiere” beschrëft gewiescht a bei enger Douaneskontroll saiséiert ginn. Douseschildkröte falen duerch hiert Muster um Réckepanzer op a si virun allem a China an Hongkong als Hausdéiere beléift, heescht et an der Erklärung vum Ministère. D’Reptilie stinn ënnert dem Schutz vun dem Washingtoner Aarteschutzofkommes (CITES), dat den internationalen Handel mat gefäerdeten Aarte verbitt.