Am Kontext vum Weltdag vum Aarteschutz hat de Mouvement Ecologique en Dënschdeg an der Mëttesstonn eng Protestaktioun virum Staatsministère. Iwwer 70 Leit hate sech op der Place Clairefontaine versammelt a Biller vu Planzen, Insekten an Déieren an d’Luucht gehalen, déi um Ausstierwe sinn. Si géifen hir Stëmm fir déi ausstierwend Aarten erhiewen, huet et geheescht. Un d’Regierung ass et den Appell gewiescht, d’ekologesch Mesuren zu enger Prioritéit ze maachen. D’Blanche Weber vum Mouvement Ecologique:
“Mir stelle fest, datt och ënner dëser Regierung net genuch Moossnamen ergraff ginn, fir d’Aartestierwen ze begrenzen an déi Aarten ze schützen, woubäi d’Aarten och nëmme symbolesch si fir e gesamte Problem.”
Datt d’Aarten ausstierwen, wier dem Claire Wolff no eng Niewewierkung vun der moderner Landwirtschaft:
“Et wëll jo kee bewosst, datt elo op eemol déi Planzen an déi Insekten net méi virkommen, mee duerch d’Düngung, eeben duerch en Asaz vu Konschtdünger virun allem, komme verschidde Planzen dann net méi vir.”
Ekologesch Politik hat net just fir d’Déieren, mee och fir d’Leit Virdeeler, seet d’Blanche Weber.
“Mir waarden, dass dës Regierung ee Plädoyer mécht fir eng konsequent Ëmweltpolitik an e konsequenten Aarteschutz an och seet, do an dowéinst musse mer et maachen, soss ass eiser Iwwerliewe gefäert”
D’Beispill vum Piwitsch weist, datt duerch d’Renaturéierung vun enger Baach de Villchen erëm do virkënnt. Wann de Wëllen do wier, kéint een also konkreet eppes géint d’Ausstierwe vun den Aachte maachen, huet de Mouvement écologique nach betount.