Den 2. JanuarNowuess bei de Sumatra-Tigeren am Tierpark Berlin

AFP, iwwersat vun RTL
Am Tierpark Berlin ginn et flott Nouvellen, et gouf schonn nees Nowuess bei de Sumatra-Tigeren.
Dëst ass e Symbolbild.
Dëst ass e Symbolbild.
© AFP/Archiv

D’Tiger-Mamm Mayang huet den 2. Januar e Jongdéier op d’Welt gesat. Dat huet den Zoo zu Berlin e Freideg matgedeelt. Béiden Déiere géif et gutt goen a si verbréngen elo déi nächst Woche geschützt virun den Ae vun de Visiteuren an hirer Hiel.

Et ass schonn den drëtten Nowuess fir déi 15 Joer al Tiger-Damm an de 17 Joer alen Tiger-Papp. Am Joer 2022 waren d’Gesëschter Luise a Lotte op d’Welt komm, 2024 waren et mam Ede a Kuno nach emol Zwillinge fir d’Mayang an den Jae Jae.

Virun 100 Deeg hätt ee gesinn, dass d’Koppel sech gepaart hätt, dono wier den Zyklus beim Mayang ausbliwwen. Et wousst een deemno, dass Nowuess ënnerwee wier.

Back to Top
CIM LOGO