No enger hallwer Stonn nees op den HoufPompjeeë retten 29 Joer aalt "Sally" aus engem Gruef

RTL Lëtzebuerg
D'Pompjeeë vu Bad Salzuflen an Nordrhein-Westfalen goufen en Dënschdeg op een Asaz an ee Feld geruff, well eng Damm sech an eng mësslech Situatioun bruecht hat.
D'Sally war an de Gruef geroden.
© Freiwillige Feuerwehr Bad Salzuflen

Beim 29 Joer ale Sally handelt et sech allerdéngs net ëm eng jonk Fra, mee ëm eng eeler Päerdsdamm, déi an een hallwe Meter déiwe Waassergruef gefall war. D'Päerd war onglécklech um Réck gelant a koum mat de véier Houf an der Luucht net méi vum selwen aus dem Gruef. Zum Gléck war deen Ament allerdéngs kee Waasser am Gruef.

Well d'Sally nawell e bëssen eppes op d'Wo bréngt, hunn d'Pompjeeën och direkt ee sougenannten "Teleskoplader" mat op den Asaz geholl. Fir datt d'Päerd sech an d'Pompjeeën net blesséiert, krut d'Sally fir d'éischt emol d'Houf "geséchert". Du gouf mat aller Virsiicht de Buedem ronderëm d'Päerd ausgegruewen - fir d'éischt mam Teleskoplader an duerno mat Schëppen.

Wou e bësse méi Plaz am Gruef war, konnt dat eelert Déier dunn endlech op d'Säit gedréint ginn, vu wou aus d'Sally dunn nees ganz vum selwen op d'Bee koum.

Wéi d'Pompjeeën an hirer Matdeelung mellen, war wärend dem ganzen Asaz och eng Reiderin op der Plaz, déi d'Sally berouegt huet a wat de Secouristen den Asaz onheemlech erliichtert hätt. Och een Déierendokter war op d'Plaz geruff ginn. Alles an Allem huet den Asaz just en 30 Minutte gedauert, ier d'Sally - wéi et schéngt net blesséiert - nees op de Bee war.

D'Sally war onfräiwëlleg an d'Réckelag geroden.
D'Sally war onfräiwëlleg an d'Réckelag geroden.
© Freiwillige Feuerwehr Bad Salzuflen

Back to Top
CIM LOGO