Och e Vull brauch mol VakanzPompjeeën hunn tockege Geier vu Fliger op Kreta missen huelen

AFP
En aussergewéinlechen Asaz gouf et op Kreta fir d'lokal Pompjeeën. Do wollt ee Geier partout net vun engem Fliger erof.
Die Feuerwehr auf dem Flughafen von Heraklion auf der griechischen Insel Kreta hat einen renitenten Geier von der Tragfläche einer startbereiten Ryanair-Maschine geholt.
En ongewéinleche Passagéier gouf et op enger Ryanair-Maschinn a Griicheland.
© AFP/Archiv

Um Fluchhafe vun Heraklion op der griichescher Insel Kreta konnt eng startbereet Ryanair-Maschinn net ofhiewe wéinst engem Vull, dee sech et op engem Flillek bequeem gemaach hat. Wéi d'Lokalzeitung "Patris" gemellt huet, war de Gräifvull e Sonndeg den Owend um Fliger gelant an och do sëtze bliwwen. D'Pompjeeë goufe geruff, fir dat tockegt Déier erof ze kréien. Mat Hëllef vun enger Jackett konnt de Geier agefaange ginn an e wier wärend der ganzer Aktioun "immens roueg" bliwwen.

D'Zeitung huet sëllege Fotoe vun der Aktioun gemaach. D'Déier gouf fir eng weider Ënnersichung an den Naturhistoresche Musée zu Heraklion transportéiert.

Ëmmer nees gerode Villercher an d'Turbinne vu Fligeren, wat an der Vergaangenheet och schonn zu schroen Accidenter geféiert huet. Am Juli réischt war e Stéck vun enger Turbinn vun enger Boeing 737-800 vu Ryanair um Wee vun Thessaloniki an dat däitscht Memmingen ofgebrach a widder den hënneschten Deel vum Fliger geknuppt. Eng Fënster ass dobäi gebrach an ee Passagéier gouf bal aus dem Fliger gezunn. Bei der spéiderer Enquête goufen d'Iwwerreschter vun engem Vull an der beschiedegter Turbinn fonnt.

Back to Top
CIM LOGO