"Tap", "Zig" oder "Brrrrrt", wann den Andy Eiffes senge Muppen d'Kommandoen zourifft, da wësse si genee, wat hie mengt. Et ass e bësse wéi eng Geheimsprooch tëscht Hond a Meeschter. Eng Mëschung aus Stëmmkommandoen an Handzeechen. Den Andy Eiffes weist op Distanz wou et virugeet, wärend säin Hond an enger enormer Vitess iwwert d'Hindernisser ditzt. Beim Agility geet et ëm Präzisioun - bei Feeler gi Punkten ofgezunn - awer och ëm Vitess - an do zielen heiansdo Millisekonnen.

Den Andy Eiffes mécht Agility net just zum Spaass oder fir seng Hënn auszelaaschten, mee bedreift et als richtege Sport. Dat heescht, hie geet och reegelméisseg op Concoursen an dat och um internationale Plang. D'Léift zum Agility-Sport begleet hie scho säi ganzt Liewe laang. Schonn als Kand huet hien duerch säi Papp mam Sport ugefaangen. Säi Papp ass souguer eng Kéier Weltmeeschter ginn. Seng eege Kanner sinn och elo scho begeeschtert vum Agility.

Och seng Fra d'Tania Eiffes ass duerch hien zum Agility komm an ënnerstëtzt hien elo. D'Tania Eiffes mécht vill hannert de Kulissen: sicht Concourse raus, plangt d'Routen a bereet d'Hënn kuerz virun der Competitioun vir. Den Andy Eiffes leeft mat den Hënn iwwert de Parcours. "Hien ass deen, deen op de Start muss goen a gewannen", laacht d'Tania Eiffes, "Wéi a Polen. Et war Valentinsdag an ech sot, ech wéilt näischt, mee gewann mir déi Finall. Dat ass Geschenk genuch. Déi war genau op Valentinsdag. Dat huet hien dann och gemaach a gewonnen."

Fir sech op ee Concours virzebereeden, kuckt sech den Andy Eiffes am viraus un, wéi eng Riichter d'Hindernisser opstellen: "Deen ee Riichter stellt méi ronn, deen anere bësse méi Zick-Zack, deen anere méi wäit Distanzen, deen anere méi kuerz Distanzen. Ech kenne meng Hënn jo, wat si kënnen a wat si net kënnen. A wann ech weess, dat gefält mir net oder dat ass fir meng Hënn bësse méi schwéier, da ginn ech op den Terrain hei an da bauen ech mir dat bëssen esou no. An dann trainéieren ech déi Sequenz."

Stonnelaangen Training wär awer net néideg, dat ass éischter eng Saach vu Minutten: "Wa si dat gutt maachen, dann ass dat fir mech ok. Dat kann 1 Minutt sinn, dat kënne 5 Minutte sinn."

Fir engem Hond dat bäizebréngen, misst een net onbedéngt op de Geräter trainéieren. Et geet virun allem drëms d'Kommunikatioun ze verfeineren.
"Do kann een och ganz einfach eng Pylon huelen. An da seet een dem Hond: 'Riets' a wann den Hond geet, da belount een en. An da fänkt ee kleng un einfach. Bei mir ass et net 'Riets', bei mir ass et 'Tap'. Lénks wier dann 'Zig'. Esou huet een ëmmer sou kleng Tricks", beschreift den Andy Eiffes d'Ausbildung vu sengen Hënn "An déi kleng Tricks ginn op eng Kéier zu engem Kommando, déi am Agility ëmgebaut ginn." Ee vun den Hënn ass nach ganz jonk a léiert grad d'Basis. De Border Collie Midnight ass 9 Méint al. Dat géif hie ganz lues opbauen: "Dat heescht net, dass ee mat 5, 4 Méint muss eng Hürde maachen. Hie ka genau sou gutt iwwert eng Pylone goen. Hie kann iwwert een Teppech lafen. Alles dat ass schonn eng Virbereedung fir op d'Geräter. Dat kënnt dann duerno alles zesumme wéi ee Puzzlestéck a raus kënnt dann den Agility."

D'Leit wären dacks erstaunt, wa si seng Hënn um Parcours gesinn: "Déi meescht Leit hunn Agility eng Kéier um Fernsee gesinn oder op Facebook. An déi gesinn, dass een ebe mat sengem Hond duerch ee Parcours leeft. An dat war et. Déi wëssen awer net, wat alles dohannert stécht", erkläert den Andy Eiffes. "Wa Kolleege mol eng Kéier kucke komm sinn, da sote si, dass et eppes ganz aneres ass, wéi dat wat si sech virgestallt hunn. D'Vitess, awer och wéi den Hond dat alles weess, wat ee muss maachen, dass een de Slalom muss maachen. Dass ee muss an deen Tunnel goen, do hannendrun lafen." Fir den Andy Eiffes ass et grad déi Kommunikatioun an déi Bezéiung, déi ee mam Hond opbaut, déi hien esou um Sport begeeschtert.
Déi lescht Méint konnt den Andy Eiffes op ville Competitioune matmaachen. Hien ass aktuell nämlech am Congé parental: "Mir hu gekuckt: Wat ass dat bescht wat mir kënne maache mat de Kanner a mat den Hënn. Bleiwe mir Doheem? Gi mir an eng schéi Vakanz? An do hu mir geduecht, mir hunn ee Camper." Zanterdeem reese si, ëmmer bëssen orientéiert u Concoursen, déi ustinn an dotëscht gëtt Vakanz gemaach mat den 8 Muppen a 5 Kanner. "Esou reese mir 6 Méint quasi duerch d'ganz Welt", seet den Andy Eiffes. Eng Entscheedung, déi een net bereit: "Fir d'Kanner ass et flott, fir eis ass et flott, fir d'Hënn ass et flott. Et ass wierklech perfekt."
Mëttlerweil gëtt den Andy Eiffes och Traininge mat deenen een iwwert den Agility souguer Sue verdénge kann. Fir ganz vum Agility ze liewen, wär awer schwéier. Zu Lëtzebuerg géif ee sech och méi Unerkennung fir den Agility wënschen: "Zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer nach éischter als Hobby ugesinn, net als Sport. Dat ass amfong schued."

Den 22. bis de 27. September ass d'FCI Weltmeeschterschaft zu Turku a Finnland, wou och eng Lëtzebuerger Ekipp wäert deelhuelen. Den Andy Eiffes ass och mat dobäi.
De Weekend vum 12. an 13. September huet den Andy Eiffes mam Border Collie Bee op engem normale Concours a Finnland matgemaach an ass Finneschen Agility Champion ginn.