Abroch emol aneschtRéibock war am US-Bundesstaat New York an eng Bank agedrongen

Kevin Kayser
Petz Bartz
E Réibock hat e Policeasaz ausgeléist, well d'Déier an eng Bank agedronge war.
Agebrach, mä näischt geklaut
Am US-Bundesstaat New York war e Réibock an eng Bank agedrongen.

D’Police hat wuel mat villem gerechent, wéi d’Alarmanlag vun der Webster Bank zu Ridge op Long Island lassgaange war. Net awer, datt hei e Réibock an d’Gebai agedronge war, den Alarm ausgeléist an du panesch probéiert huet, sech aus senger mësslecher Situatioun ze befreien.

En Iwwerfall war dëst op kee Fall, an awer haten d’Poliziste vun der Suffolk County Police mam ongewollten Abriecher all Hänn voll ze dinn. Et huet e bësse gedauert, bis si d’Déier ze paken a berouegt kruten a mat Hëllef vun engem Seel a vill Manpower nees aus där Fënster erauskruten, duerch déi d’Réi agedronge war.

Geklaut hat de Bock zwar näischt, dofir awer a senger Panik Villes vum Inventaire vun der Bank beschiedegt, zerstéiert oder duercherneegehäit.

Back to Top
CIM LOGO