Pompjeeën a Bagger am AsazRettung vu klenger Kaz zu Erkrath (D) huet stonnelaang gedauert

RTL Lëtzebuerg
An Nordrhein-Westfalen war eng kleng Kaz an en Offlossrouer geflücht, wat e gréisseren Asaz vun de Pompjeeën ausgeléist huet.

E Mëttwoch am Nomëtteg waren d’Pompjeeën op en Asaz op Erkrath geruff ginn, wéinst enger Kaz op engem Kullang. Wéi d’Pompjeeë bis op der Plaz waren, war d’Déier awer schonn an en Ofwaasserouer geflücht, an deem d’Déier dunn hänke bliwwen ass, dat ronn 1,5 bis 2 Meter ënnert der Uewerfläch.

Mat enger Kanalkamera konnten d’Pompjeeën déi 4 Méint jonk Kaz am Rouer lokaliséieren. Via e Schlauch gouf Sauerstoff an de Rouer gepompelt, fir dass d’Kaz net erstéckt.

Duerno gouf de Rouer mat engem Bagger fräigeluecht a Stéck fir Stéck ewechgeholl, bis ee bei der Kaz ukomm ass.

Ronn dräi an eng hallef Stonn huet den Asaz gedauert, bis d’Déier konnt aus dem Rouer gezu ginn. Et koum fir eng Kontroll an eng Déiereklinik.

Back to Top
CIM LOGO