Souguer a Begleedung vun der PoliceSchof fiert am däitsche Münster mat Bus duerch Wäschanlag

Sandy Schmit
"Fir eng grouss Rees war et de falsche Bus, ma fir eng kleng Aventure ass et duergaangen", sou schreift d'Police Coesfeld iwwert hire leschten déiereschen Asaz.
An der Wäschanlag war Endstatioun...
An der Wäschanlag war Endstatioun...
© Polizei Coesfeld

D'Mataarbechter vun enger däitscher Bus-Entreprise an Nordrhein-Westfalen hu sécher net schlecht gestaunt, wéi si op eemol e méi ongewéinleche Passagéier an engem vun hire Busser fonnt hunn.

E Schof war zu Lüdighausen an een eidele Bus geklommen, dee lescht Woch owes an der Botzhal vum Betrib stoung. D'Mataarbechter, déi do zoustänneg sinn, fir d'Gefierer ze botzen, haten d'Diere vum betraffene Bus opgelooss. D'Schof, dat sech scho virun e puer Deeg aus sengem Doheem duerch d'Bascht gemaach hat, huet dës "Porte ouverte" genotzt. D'Mataarbechter hunn no der Entdeckung d'Dieren zougemaach an d'Police verstännegt.

Ënner Police-Begleedung ass d'Déier um Enn duerch d'Wäschanlag kutschéiert ginn, well de Bus schonn an der Rei stoung fir seng Botz. D'Beamten, déi total ewech waren vun deem ongewéinleche Passagéier, wollten net, dass sech dat zoutraulecht Déier ze vill erféiert a si kuerzerhand matgefuer. Dono koum et nees bei säi Besëtzer zeréck, wéi et en Dënschdeg geheescht huet.

Back to Top
CIM LOGO