Réiden op der AtertSecouriste vum CGDIS hunn e Pony aus engem Gruef befreit

RTL Lëtzebuerg
E wuel éischter ongewéinlechen Asaz haten d'Rettungsekippe vum CGDIS e Samschdeg.

Zu Réiden op der Atert gouf hinnen e Pony gemellt, deen an engem Gruef louch an net méi aus eegener Kraaft erauskoum. Wéi de CGDIS op Facebook schreift, huet heifir de sougenannten CIS Groupe de sauvetage animalier (GSAN) vum CGDIS missen zur Hëllef geruff ginn. Dësem ass et gelongen, de Pony aus dem Gruef ze buergen. D’Déier gouf beim Asaz net blesséiert an ass och selwer nees zeréck bei säi Stall getrëppelt.

Back to Top
CIM LOGO