Waren um 18. Stack vum Europaparlament blockéiertSecouriste vum GRIMP befreien dräi jonk Falleken

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am Nomëtteg gouf et fir de Groupe de reconnaissance et d'intervention en milieu périlleux (kuerz GRIMP) en Asaz um Kierchbierg.
© CGDIS

Wéi de CGDIS an engem Facebook-Post schreift, wier am Nomëtteg en Noutruff erakomm, well dräi jonk Falleken hannert e Gitter um 18. Stack vum Europaparlament geflunn an do blockéiert wieren. Si goufe vun der Ekipp vum GRIMP befreit an duerno dem Groupe de sauvetage animalier (kuerz GSAN) iwwerginn ier se an d'Opfänkstatioun fir wëll Déiere bruecht goufen.

Back to Top
CIM LOGO