Police seet Déngschtmupp ÄddiSichhond Esco no kuerzer Krankheet onerwaart gestuerwen

Samantha Weber
D'Police huet op hirem Facebook-Site déi traureg Nouvelle matgedeelt, datt si engem vun hiren Déngschthënn hu missen onerwaart Äddi soen.
© Police Lëtzebuerg

De fënnef an en halleft Joer alen däitsche Schéiferhond ass e Mëttwoch no kuerzer Krankheet onerwaart gestuerwen. Dat schreift d’Police an engem Post op Facebook e Mëttwoch den Owend.

Den Esco war op d’Sich no Sprengstoff spezialiséiert an als Sichhond aktiv. D’Police seet dem Esco Merci fir säin treien Déngscht a betount, ewéi wichteg hir véierbeeneg Kolleegen an hir Meeschtere fir d’Police sinn. D’Hondsstaffel géing net just Patrullen a Kontrollen ënnerstëtzten, mä och bei Ermëttlungen hëllefen a bei Manifestatiounen oder gréisseren Operatiounen an den Asaz kommen.

Back to Top
CIM LOGO