Fréier Fabrick fir Deeler vun AtombommenVéier radioaktiv Harespelennäschter a South Carolina fonnt

RTL Lëtzebuerg
Um Terrain vun enger fréierer Fabrick fir d'Produktioun vun Deeler fir Atombommen a South Carolina goufe véier radioaktiv Harespelennäschter fonnt.
Symbolbild
Symbolbild
© Envato Felipecaparros

Nodeems op d’mannst véier radioaktiv Harespelennäschter um Terrain vun enger fréierer Fabrick fir d’Produktioun vun Deeler fir Atombommen huet eng Ëmweltschutzorganisatioun de Bedreiwer am US-Bundesstaat South Caroline eng schlecht Opklärung reprochéiert. “Mir si schockéiert, datt Savannah River Site net erkläert, wouhier de radioaktiven Offall kënnt”, sot den Tom Clemens, e Spriecher vun der Organisatioun, der Noriichtenagence AP.

Bei enger Kontroll haten Aarbechter viru véier Wochen dat éischt Nascht entdeckt. Wéi den amerikaneschen Energieministère matgedeelt huet, war de Wäert vun der Radioaktivitéit vum Nascht zéngmol méi héich ewéi erlaabt. De Ministère huet iwwerdeem wësse gedoen, datt een dat eidelt Nascht mat Chemikalie gesprayed an als radioaktiven Offall entsuergt hätt. D’Fuite vun engem Tank huet de Ministère ausserdeem ausgeschloss. Villméi géing d’Belaaschtung wuel op eng sougenannt Alkontaminatioun aus der Zäit zréckgoen, wéi um Terrain Deeler fir Atomwaffe produzéiert goufen.

Gëtt et eng Gefor, vu verstraalten Insekte gepickt ze ginn?

De Savannah River Site un der Grenz mam Bundesstaat Georgia war an de 50er Joren opgemaach ginn, fir wärend dem Ost-West-Konflikt de radioaktive Schwéiermetall Plutonium an Tritium, en Isotop vum Waasserstoff, fir d’Produktioun vu Kärwaffen ze produzéieren. Enn den 80er Jore goufen déi lescht dräi vun den am Ganze fënnef Reakter vun der Anlag virop gestoppt.

Wéi de Biolog Timothy Mousseau der “New York Times” elo sot, deit d’Entdeckung op eng schlecht Versigelung vum radioaktiven Offall hin. Well Harespelen awer seele méi wäit ewéi 100 Meter vun hirem Nascht ewech ginn, wier d’Gefor vun engem méiglecherweis verstraalten Insekt gepickt ze ginn, och an der Regioun vun der aler Fabrick éischter geréng.

Back to Top
CIM LOGO