
Nom Doud vun am Ganzen 18 Elefanten a Kenia konnten der Naturschutzorganisatioun KWS no véier Verdächteger festgeholl ginn. No enger weiderer Persoun gëtt nach gesicht.
Tëscht dem 24. Juni an dem 31. Juli ware 16 Elefanten am Amboseli-Nationalpark an anere Schutzgebidder an der Ëmgéigend dout fonnt ginn. Zanterhier koumen nach 2 weider Fäll dobäi. An engem éischte Bericht steet, dass d'Déieren un enger Cyanidvergëftung gestuerwe wieren, nodeems si mat Pestizide belaaschten Tomate giess hätten.