Police- a Pompjeesasaz zu Glandorf (D)Verzweiwelt an erschëpft Bëbeekaz aus Kleedercontainer gerett

RTL Lëtzebuerg
Matten an der Nuecht hate Leit zu Glandorf op engem Parking vun engem Supermarché e verzweiwelt Miauen héieren, aus engem Kleedercontainer!
© Polizeiinspektion Osnabrück

Zesumme mat de Pompjeeën huet d’Police vu Georgsmarianhütte de Container opgemaach an eng kleng Bëbeekaz fonnt, déi komplett erschëpft, awer lieweg war. D’Kaz konnt sech fir d’éischt emol um Policebüro erhuelen, éier si bei en Déiereveräin koum. Hei gëtt hir elo en neit Doheem mat vill Léift gesicht.

Wéi déi Kleng an de Container koum, ass nach net gewosst. Zeien, déi Hiweiser zum Virfall hunn, si gebiede sech bei der Police vu Georgsmarienhütte ënnert der Nummer +49 5401 83160 ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO