
An enger Déift vun 11 Meter wier den Hai an d’Netz gaangen, esou de montenegrineschen Institut fir Mieresbiologie. Dobäi gouf erkläert, dass Wäiss Haien net seele sinn an der Adria. Si géife just net heefeg gesi ginn - dëst war eréischt déi drëtt Siichtung an de leschten 30 Joer. Fir d’lescht war dat 2023 de Fall.
D’Populatioun am Mëttelmier wier awer a grousser Gefor. Dowéinst huet de Fëscher säin onerwaarte Gaascht erëm um oppene Mier fräigelooss, nodeems Fotoe vun him gemaach goufen. Angscht virun enger Attack muss een iwwregens net hu bei der nächster Vakanz un der Adria. Dee leschten déidlechen Ugrëff vun engem Hai datéiert vun 1974. Wien awer ganz sécher wëllt goen, geet net moies fréi schwammen, an och net ze wäit vum Ufer ewech oder do wou Fësch a grousse Quantitéite gefëscht ginn.