
E Séihondjeeër huet op der Nordséi-Insel Sylt en 3,80 Meter grousse Schniewelwal erschoss. D’Déier, dat am Watt bei Munkmarsch ugespullt gouf, war schonn an de leschten zwee Deeg op der Ostsäit vun der Insel gesi ginn.
“Et ass ëmmer am Krees geschwommen - dat deit op eng neurologesch Stéierung hin”, sot de Séihondjeeër Thomas Diedrichsen der Noriichtenagence dpa géigeniwwer. Him no hätt de Schniewelwal orientéierungslos gewierkt.
En Donneschdeg de Moien dunn hate Passante fir d’éischt probéiert, de Wal nees an dat méi déift Waasser ze drécken - allerdéngs ouni Erfolleg. Hie wier souwisou gestuerwen - och ouni d’Schëss, sot den Diedrichsen, nodeems hie geschoss hat.
D’Déier wier staark ofgemoert gewiescht an hätt wuel eng Pilzinfektioun um Mond gehat. Elo soll d’Déier mat engem sougenannten “Radlader” oftransportéiert ginn.