Invasiv AartenWéi a firwat d'Naturverwaltung géint Wäschbier an Nutria virgeet

Anouk Siebenaler
Well déi massiv Ausbreedung net méi ze stoppen ass, konzentréiert sech d'Naturverwaltung dorop, déi invasiv Aarten an de sensibelste Gebidder anzefänken.
Wéi a firwat d’Naturverwaltung géint Wäschbier an Nutria virgeet
D'Naturverwaltung konzentréiert sech dorop, déi invasiv Aarten an de sensibelste Gebidder anzefänken.

Ufank vum 20. Joerhonnert goufen d'Nutria an de Wäschbier wéinst hirem Pelz an Europa importéiert. Zanterhier breede sech béid Aarten onkontrolléiert a Mëtteleuropa aus a stinn op der EU-Lëscht vun den invasiven Déieren. Duerch e Reglement vun 2014 sinn d'Länner verflicht, geziilt Moossname géint invasiv Aarten ze huelen, fir déi heemesch Biodiversitéit ze schützen. Zu Lëtzebuerg läit dës Responsabilitéit, jee no Liewensberäich, bei der Naturverwaltung (ANF) oder der Waasserverwaltung (AGE).

D'Naturschutzgebitt Haff Réimech ass eng vun de Plazen, wou d'Naturverwaltung méi reegelméisseg ënnerwee ass, ënner anerem fir Falen opzestellen. Am Schilfgebitt installéiere sech nämlech ëmmer erëm op en Neits Gruppe vun Nutria, déi et anzefänke gëllt, ier se ze vill Schued uriichten oder sech weider reproduzéieren. Zanter 2017 krut d'Biber-Rat mat den orangen Zänn sech zu Lëtzebuerg etabléiert an hannerléisst zanterhier hir aartentypesch Spueren, andeems se Schilfgebidder ewech frësst, Ufere vu Gewässer zerstéiert oder eenheemesch Muschelaarten ësst. 600 Nutria huet d'Naturverwaltung bis ewell agefaangen an dout gemaach.

Den éischte Wäschbier konnt schonn 1979 hei am Land nogewise ginn. Zanterhier huet e sech ëmmer weider verbreet, bis en 2011 fir d'Juegd fräigi gouf. D'Ofschosszuele ginn eng Iddi vun hirer Verbreedung: Wärend 2012 eng 600 Wäschbiere geschoss goufen, sinn et der mëttlerweil knapp 2.000 d'Joer. Och hire Schued mécht sech däitlech bemierkbar. Sief et, wa si Eeër vu seelene Vullenaarten iessen oder wärend der Moukewanderung ganz Populatioune vun Amphibien deziméieren.

Och am urbane Liewensraum ass de Wäschbier mëttlerweil ukomm. Wäschbieren, déi Privatpersounen am Gaart oder um Späicher hunn, géifen allerdéngs net méi an den Zoustännegkeetsberäich vun der ANF falen, erkläert de Laurent Schley, Chef vum Service Faune sauvage et Chasse vun der Naturverwaltung: ”Do gräife mir als Verwaltung à priori net an, do mussen d'Leit eng Derogatioun froen, fir dat Déier ze fänken an op eng aartgerecht Aart a Weis muss dat Déier och dout gemaach ginn.”

Souwuel bei der Nutria, wéi och beim Wäschbier wier ee mëttlerweil an enger Situatioun, wou un Eradikatioun net méi ze denke wier, erkläert de Laurent Schley: “Se sinn duerch de Mënsch heihi komm an Europa. Lo si se an der Natur a mir musse léieren, domat ze liewen. Als ANF musse mer de Fokus op der Biodiversitéit halen an do, wou den Impakt am gréissten ass, se virdru schützen.”

Konkret géif dat dann eben sou ausgesinn, dass a sensibelen Zone reegelméisseg Déieren agefaange ginn oder dass Näschter vu seelene Vullenzorten esou geschützt ginn, dass de Wäschbier de Bam net eropklamme kann. Vill méi wäit kéint d’Aarbecht vun der Naturverwaltung, trotz Restrukturéierungen an engem geplangten Iwwerschaffe vun den Aktiounspläng, net goen.

Back to Top
CIM LOGO