Zwee Meter laang an 90 Kilo schwéier soll e gewiescht sinn: De Wels, deen Enn Juni am Süde vun Däitschland fënnef Schwëmmer soll verletzt hunn. Eng Noriicht, déi deem eng oder anere kéint Angscht gemaach hunn, selwer an e Séi ze sprangen.
Ma wéi warscheinlech sinn esou Virfäll? Wéi verbreet sinn d’Welsen hei am Land? Wéi grouss si se? Si se wierklech esou geféierlech a wéi einfach si se ze fannen?