Fir Vergaangenheet hannert sech ze loossenWëll Bierin Gaia kritt neien Numm fir neit Liewen a Park Schwarzwald

RTL Lëtzebuerg
2023 hat déi wëll Bierin Gaia en Jogger an Italien ëmbruecht. Hiren alen Numm gëtt dacks mam Doud vum Mann a Verbindung bruecht. Lo soll sech dat änneren.
D'Bierin Jurka, d'Mamm vun de
D’Bierin Jurka, d’Mamm vun de
© Philipp von Ditfurth / DPA via AFP

Vun elo un heescht d’Gaia da Luna, wéi et vum Wollef- a Bierepark Schwarzwald heescht. Den Numm Luna, iwwersat Mound, stéing dem Park no fir Wandel a Verännerung - an domat fir dat neit Liewe vun der Bierin am Bierepark.

Déi wëll Bierin hat 2023 an Italien en Jogger ëmbruecht. Den 20. Juli du koum si an de Bierepark Schwarzwald zu Bad Rippoldsau-Schapbach. Hir wëssenschaftlech Bezeechnung ass JJ4, bekannt gi war si awer ënnert den Numm Gaia.

Well am Bierepark awer schonn e Wollef sou heescht, war scho laang geplangt, d’Bierin ëmzebenennen. Ausserdeem wier hiren ursprénglechen Numm an der Ëffentlechkeet dacks mam Doud vum Jogger a Verbindung bruecht ginn.

De Park géing dem bal 20 Joer ale Bier wënschen, datt et elo seng Rou fënnt an a sengem eegene Rhythmus liewe kann.

Back to Top
CIM LOGO