Wëllef liewe bis zum zweete Liewensjoer am Ruddel a ginn dann ausgestouss.
Fir d’Baueren, a virun allem d’Schof besser ze schützen, gëtt elo eng sougenannt Zone de présence permanente festgeluecht, déi sech iwwer 29.000 Hektar an de Gemenge Fauvillers, Léglise, Martelange, Habay an Attert zitt. Hei solle Schutzmoossnamen a finanziell Hëllefe fir d’Baueren organiséiert ginn.
Mir hu beim Laurent Schley, Chef vum Service Faune sauvage et Chasse bei der Naturverwaltung, per Telefon eng Reaktioun gefrot. Hien hält et fir gutt méiglech, datt d’Wëllef och bis a Lëtzebuerg erakommen, oder vläicht schonn iwwer d’Grenz komm sinn. D’Lëtzebuerger Autoritéite stinn am enke Kontakt mat hire wallounesche Kolleeginnen a Kolleegen, fir d’Beweegunge vun de Wëllef am A ze behalen. Op dëst déi Wëllef sinn, déi och schonn zu Lëtzebuerg konnten nogewise ginn, kéint een zu dësem Zäitpunkt net soen.
Ufank Oktober gëtt et eng Infoversammlung fir Baueren, op déi och Lëtzebuerger Betriber invitéiert sinn, esou schreift et l’Avenir an engem Artikel. Do soll erkläert ginn, wéi d’Déiere geschützt kënne ginn a wéi eng Hëllefe virgesi sinn.