
E klenge Séihond ass an Neiséiland op eng vill befuere Strooss geroden an huet domat déi lokal Police op de Plang geruff. Passanten haten den Noutruff gewielt, wéi si dat jonkt Déier um Bord vun der Strooss gesinn haten. Wéi d'Police vu Wellington op d'Plaz koum, hu si hiren Auto kuerzerhand queesch iwwer d'Fuerbunn gestallt, fir de Séihond virum Verkéier ze schützen.
Duerno hu si dee Klengen op eng sécher Plaz bruecht, fir en do an d'Waasser ze loossen, sou eng Polizistin, déi der Meenung war, de Séihond wier dankbar gewiescht fir hir Ënnerstëtzung. Ee vun hire bedeelegte Kolleege sot: "Wéi ech viru 15 Méint bei d'Police gaange sinn, hat ech gesot kritt, ech misst op alles virbereet sinn. Dësen Asaz ass wuel de Beweis dofir."