Flughafen MünchenZoll stoppt Fra, déi lieweg Sang-Villercher am Gepäck dobäi hat

RTL Lëtzebuerg
D'Fra wollt d'Déieren Enn Oktober bei der Douane laanscht schleisen, esou d'Zollamt e Méindeg zu München.
© Photo by GARRY LOTULUNG / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP

Bei der Kontroll vum Handgepäck vun der Fra hunn d’Beamten dann am Ganze siwe Villercher entdeckt, dat verpaakt an dräi Kartongskëschten.

Wéi d’Déiere fonnt goufen, sinn dës direkt bei en Déierendokter komm. En Deel vun den Déieren huet bei der Kontroll Krankheetssymptomer gewisen a koum fir weider Behandlungen an eng Déiereklinik. Ee vun de Villercher ass kuerz drop och do gestuerwen.

Géint d’Fra goufen elo Ermëttlunge wéinst dem Verstouss géint d’Déiereschutzgesetz ageleet.

Back to Top
CIM LOGO