
“Wëll Dir Äert Päerd als Fudder spenden?”, freet den Zoo Aalborg op sengem Internetsite. Mat grousser Dankbarkeet géing den Déierepark “lieweg Päerd entgéint huelen, déi mir aschléiferen an am Zoo Aalborg zu Fudder verschaffen”, heescht et weider. De Bedarf géing allerdéngs am Laf vum Joer variéieren an et kéint “zu Waardezäite kommen”.
Scho virun e puer Deeg hat den Zoo op Instagram dozou opgeruff, kleng Hausdéieren ze spenden. “Hénger, Kanéngercher a Mierschwéngercher sinn e wichtege Bestanddeel vun der Narung vun eise Raubdéieren”, schreift de Park. Et wier d’Aufgab vum Zoo, déi natierlech Narungskette vun den Déieren ze imitéieren, dowéinst géing ee “gesond Déieren” sichen, fir ze verfidderen. Besonnesch Luchse géinge ganz Déiere brauchen, déi si un Déieren erënneren, déi si am Fräie joe géingen.