
Den Zoo zu Gelsenkirchen trauert ëm eng ganz besonnesch Äisbier-Damm. Am Alter vu 36 Joer huet d’Antonia e Sonndeg den Owend missen ageschléifert ginn. D’Déier war dem Park no déi eenzeg bekannt Äisbierin, déi kleng bliwwen (klengwüchseg) ass. Trotz hirem héijen Alter hunn d’Visiteuren d’Antonia dacks fir e Jongdéier gehalen. Si koum 1989 am Zoo zu Karlsruhe op d’Welt an ass am Alter vun zwee Joer op Gelsenkirchen geplënnert.
An der Natur hätt d’Antonia wéinst hire kuerzen Äerm a Been keng Iwwerliewenschance gehat. Hir Geschwëster hunn eng normal Kierpergréisst erreecht.
Wéinst altersbedéngter Krankheet war d’Äisbierin schonn a Behandlung bei engem Veterinär. De leschte Weekend ass hiren Zoustand awer sou schlecht ginn, datt si huet missen ageschléifert ginn.
Äisbieren an Zooe ginn an der Reegel bis zu 30 Joer al. Mat 36 Joer war d’Antonia deen eelsten Äisbier an engem europäeschen Zoo.