
Den aktuelle Konflikt tëscht Japan a China ass entretemps an der Déierewelt ukomm. Déi zwee lescht Risepandae sollen en Dënschdeg Tokio verloossen. Dobäi gi si op eng laang Traditioun vun chineeseschen Donatiounen zréck. D’Zwillingspandae Xiao Xiao a Lei Lei waren 2021 als Nowuess vun hirer Mamm Shin Shin an hirem Papp Ri Ri gebuer ginn, déi allebéid fir en Zuucht-Programm u Japan ausgeléint gi waren. Zanterhier hunn déi Zwee am Ueno-Zoo vun Tokio gelieft.
Rechtlech gesi waren de Xiao Xiao an de Lei Lei awer ëmmer, trotz hirer Gebuert zu Tokio, am Besëtz vu China. De 27. Januar sollen se elo mam Fliger an hir eigentlech Heemecht transportéiert ginn. Ursprénglech sollt dat réischt am Februar geschéien, mee well d’Tensiounen tëscht béide Länner zougeholl hunn, ass deen Datum no vir verréckelt ginn. Grond fir déi schlecht Stëmmung ass déi japanesch Annonce vun enger militärescher Interventioun, sollt China Taiwan ugräifen.
Domat dierft et zum virleefegen Enn komme vun der sougenannter “Panda-Diplomatie”, bei där zanter 1972 Pandabiere verléint gi sinn, fir nom Zweete Weltkrich eng Normaliséierung vun de Verhältnisser tëscht Tokio a Peking z’ënnerstëtzen. Dobäi sinn d’Japaner geckeg mat Pandaen. Am Ueno-Zoo dierfen all Dag genee 4.800 Visiteuren déi zwee Biere kucken goen. Jidderee kritt dofir genee eng Minutt. Zanter der Annonce vum Depart huet sech den Undrang nach emol verstäerkt.
