Westerwald an HochwaldZwee doudeg Wëllef a Rheinland-Pfalz entdeckt

RTL Lëtzebuerg
An der leschter Woch goufen a Rheinland-Pfalz zwee doudeg Wëllef fonnt, wéi d'Koordinationszentrum für Luchs und Wolf e Méindegnomëtteg matdeelt. 
© Robert Canis / Robert Harding Premium / robertharding via AFP

Leschte Mëttwoch wier dat éischt Déier ugestouss bei der Autobunn A3 bei Neuwied fonnt ginn. Nodeems de Kadaver gebuergen an ënnersicht gouf, stoung fest, datt ech sech ëm een 2 bis 3 Joer alen, männleche Wollef gehandelt huet, deen eng 33 Kilo op d’Wo bruecht huet. Eng genetesch Analys soll elo ënner anerem weider Informatiounen doriwwer liwweren, wou d’Déier hierkoum an zu wéi engem Ruddel et gehéiert huet.

Just zwee Deeg méi spéit, de Freideg 8. August, gouf ee weidert Déier dout an der Verbandsgemeinde Saarburg-Kell gemellt. Op der Plaz konnten d’Experte confirméieren, datt et sech ëm ee männlecht Jongdéier gehandelt huet. De Welpen hätt héchstwarscheinlech zu dem Hochwald-Ruddel gehéiert, esou d’Koordinationszentrum für Luchs und Wolf.

Eng méiglech Doudesursaach gouf an der Matdeelung net genannt. DNA-Analyse sollen awer och hei weider Detailer liwweren. D’Iwwerreschter goufen un d’Leibniz-Institut für Zoo- und Wildtierforschung zu Berlin iwwerstallt, wou de Kadaver weider ënnersicht gëtt.

© Koordinationszentrum für Luchs und Wolf

Back to Top
CIM LOGO