Expogast 202620 Nationalekippen trieden am Culinary World Cup an der Luxexpo géinteneen un

Ryck Thill
Vum 21. bis de 25. November ginn op der EXPOGAST um Kierchbierg ronn 2.500 Käch a Participanten aus 61 Länner erwaart.
20 Nationalekippen trieden am Culinary World Cup an der Luxexpo géinteneen un
Vum 21. bis de 25. November ginn op der EXPOGAST um Kierchbierg ronn 2.500 Käch a Participanten aus 61 Länner erwaart.

De Culinary World Cup gehéiert zu de renomméiertste Kachkompetitioune weltwäit. Zanter 1972 gëtt de Concours all véier Joer zu Lëtzebuerg organiséiert. Dëst Joer trieden ënner anerem 20 Nationalekippen a 15 Junior-Nationalekippe géinteneen un. Dobäi kommen 28 regional Ekippen a 15 Ekippen am Beräich Community Catering.

Nieft dem Culinary World Cup ginn et dëst Joer och nei Kompetitiounen an e Beräich fir Startups. D'Organisateure rechne mat ronn 30.000 Visiteuren.

Fir d'Kompetitioune vum Culinary World Cup ginn an den Hale vun der Luxexpo 14 professionell Kichen ageriicht. Am Ganze sollen an de fënnef Deeg ronn 5.000 Menüen a 17.000 Platen zoubereet ginn. D'Leeschtunge vun de Käch gi vun enger internationaler Jury bewäert.

Eng Neiheet ass dëst Joer de Food Truck & Street Food Contest. 15 Ekippe maache bei dëser neier Kompetitioun mat a mussen all Kéier 150 Portioune preparéieren.

Och d'Gastronomie-Foire selwer gëtt weider ausgebaut. Op enger Fläch vu ronn 24.000 Quadratmeter sinn iwwer 200 Exposante vertrueden.

Fir d'éischte Kéier gëtt et e sougenannte Startup Village, an deem jonk Entreprisen aus der Gastronomie an der Liewensmëtteltechnologie hir Iddie presentéiere kënnen. Donieft soll d'EXPOGAST méi Méiglechkeete fir Geschäftskontakter bidden. Dofir gëtt en eegene Beräich vun 100 Quadratmeter ageriicht, an deem sech Aussteller, Fournisseuren a potenziell Geschäftspartner treffe kënnen.

Eng wichteg Plaz kréien och déi regional Produiten. 35 Lëtzebuerger Wënzer an 20 Produzente vu lokale Spezialitéite presentéieren hir Produiten op enger gemeinsamer Fläch vun 1.200 Quadratmeter.

D'EXPOGAST riicht sech awer net nëmmen u Professioneller. D'Visiteure kënnen de Käch wärend de Kompetitiounen iwwer d'Schëller kucken an hir Kreatiounen och selwer schmaachen. Am Restaurant Community Catering an am Restaurant des Nations ginn hir Menüen zerwéiert. Ma do heescht et séier sinn: Den 21. Oktober um 15 Auer geet de Verkaf vun den Tickete fir d'Menüen op expogast.lu lass. Bei der leschter Editioun waren d'Menüe bannent just zéng Minutten ausverkaaft.

Hei fannt Dir dat offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO