RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Dirk Bockel

Patrick Greis
De Sporter vum Joer 2013 iwwer den Triathlon, d'olympesch Spiller, laang Hoer, Doppingkontrollen, de Johan Bruyneel, streng Elteren a 60 Sozialstonnen.
© Patrick Greis

Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel zielt de fréieren Triathlet, wéi hie sech mat vill Schweess op déi eenzel Epreuven virbereet huet, an dass do d'Schwammen relativ langweileg war. Et geet ëm Doppingkontrollen, d'Arméi an déi olympesch Spiller.

Hien zielt awer och wéi et war fir aus dem Sportzirkus erauszekommen, iwwer seng streng Elteren a laang Hoer. Et gëtt ee méi gewuer iwwer säin neit Buch, säi Mupp a seng Renconter mam Johan Bruyneel, en onbaarmhäerzegen Retreatment, säin Trip op de Mont Blanc an hie verréit, firwat hien als Jugendlechen zu 60 Sozialstonne verdonnert gouf.

Piano: Marc Schmidt

Wann der eng Kéier am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO