
Déi zwee Bridder maachen net just Musek zesummen. Beim Luc a Misch geet et am 'Café des artistes' mam Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel ëm e Loftgewier, dat d'Police ugezunn huet an Téitschen un der Frëndin hirem Auto.
Déi zwee ginn zou, dass se net ëmmer textsécher sinn, verroden, dass se hire grousse Concert vum 20te Gebuertsdag wéinst engem Blinddarm hu missten verréckelen an et geet ëm hiren eegene Béier.
Um Pissoir am Stall op der Fouer hu se de Fausti kennegeléiert an d'Nuetsschicht op der Bunn huet se zum 'Tun vun der Bunn' verleet. D'Familljeplanung vun deenen zwee leeft de Moment besser wéi d'Produktivitéit vun neie Lidder, awer dat wäert elo geschwënn änneren ass versprach, a wéi d'Madeleine vum Léa Linster do dra passen gëtt een och gewuer.
Piano: Marc Schmidt
Wann der eng Kéier am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.