
Télétravail muss am Viraus mam Patron ofgeschwat ginn. D'Aarbechtsplaz an d'Aarbechtszäite musse kloer definéiert sinn. Et geet also net duer, spontan vum Camping oder aus de Bierger aus ze schaffen.
Och am Homeoffice gëllen déi normal Aarbechtszäiten. Salariéë mussen net ronderëm d'Auer erreechbar sinn. Ausname si méiglech, awer nëmme mam Accord vum Patron.
De Jurist weist och op d'Fro vun den Aarbechtsaccidenter hin: Wann een op enger net autoriséierter Plaz schafft an en Accident huet, kann et Problemer mat der Unerkennung als Aarbechtsaccident ginn.