Fro den AffekotMéi héich Strofen am ëffentlechen Transport

Bob Konsbruck
De Maître Jean-Jacques Schonckert huet am RTL-Interview erkläert, wat d'Regierung geplangt huet.
© Archiv

De Grond: Déi aktuell Geldstrofe gëllen als net ofschreckend genuch. Dat huet de Maître Jean-Jacques Schonckert am RTL Wecker erkläert.

Mat engem neie Gesetzesprojet sollen eng Rei vun Onuerdnungen a Verstéiss méi streng sanktionéiert ginn. Dobäi geet et ënner anerem ëm Verhalen, dat bis elo zwar als onbeléift gegollt huet, awer net strofbar war, wéi zum Beispill Musek oder Videoen ouni Kopfhörer ze lauschteren.

Fir méi kleng Verstéiss, wéi op de Buedem späizen oder Leit mat ageschränkter Mobilitéit keng Prioritéit ze loossen, kënnen och Geldstrofen ufalen. Déi héchst Strofe si virgesinn, fir de Mëssbrauch vun Elementer, déi mat der Sécherheet ze dinn hunn, zum Beispill wann eng Noutbrems ouni Grond gezu gëtt.

Nieft de Geldstrofe setzt d'Regierung och op méi Preventioun. Videoiwwerwaachung gëtt schonn an de meeschten Trammen agesat a gëtt no an no och an de Bussen ausgebaut. Dat soll hëllefen, Verstéiss besser nozeweisen an Täter méi séier ze identifizéieren.

Dem Maître Schonckert no ginn Tëschefäll am ëffentlechen Transport systematesch erfaasst. Dës Donnéeë ginn duerno genotzt, fir d'Sécherheetsmesuren op verschiddene Linnen unzepassen.

Back to Top
CIM LOGO