FreedefeierNach emol e grousse Spektakel fir den Ofschloss vun der Schueberfouer 2026

Andy Brücker
E Mëttwoch den Owend war um 22 Auer dat traditionellt Freedefeier, fir den Ofschloss vun der Schueberfouer.
Schueberfouer 2026 - Traditionellt Freedefeier
E Mëttwoch den Owend war den offiziellen Ofschloss vun der Schueberfouer 2026, dat mat engem spektakuläre Freedefeier

Dräi Woche laang war all Dag Spektakel um Stater Glacis. D'Leit sinn op d'Spiller gaangen, hunn Zäit zesumme verbruecht, giess a gedronk. Vill schéin Erënnerunge sinn tëscht dem 21. August an dem 9. September entstanen.

Traditionell ass um Enn vun der Schueberfouer dann och ëmmer nach e Freedefeier. Op RTL.lu konnt een dat Freedefeier e Mëttwoch den Owend am Livestream suivéieren, wann ee selwer net konnt oder wollt an der Stad dobäi sinn.

Fir déi déi dëst verpasst hunn, hei nach emol d'Fotogalerie vum Freedefeier, grad ewéi och de Replay vum Livestream.

Hei fannt Dir all d'Artikelen an d'Fotogalerien vun der Schueberfouer 2026.

Back to Top
CIM LOGO