Néng Méint nodeem d'Magawa fir hir Aarbecht den héchste britteschen Uerden fir Mutt krut, ass d'Rat elo an d'Pensioun gaangen.

D'Rat aus der "Gambia-Riesenhamsterrat"-Famill huet wärend hirer Karriär vu fënnef Joer gehollef, e Gebitt vun 225.000 Quadratmeter am Kambodscha vu Minnen ze raumen. D'Déier dierf dann elo no 5 Joer an d'Pensioun goen, dat huet déi belsch Hëllefsorganisatioun Apopo e Samschdeg matgedeelt.

Déi kleng Rat huet am Ganzen 71 Landminnen an 38 Sprengkierper, déi net explodéiert sinn, fonnt. Elo wier d'Déier awer e bëssche midd ginn, dofir wier elo e Liewen als Pensionär dat Bescht fir de Magawa.

Mat senger Trefferquot ass hien déi erfollegräichst Rat vun der belscher Organisatioun, déi si selwer ausgebilt hat. D'Rat konnt an enger hallwer Stonn en Terrain vun der gréisst vun engem Tennisplaz duerchsichen. Mat engem Metalldetekter bräicht een dofir véier Deeg. D'Rate selwer sinn ze liicht, fir d'Minnen auszeléisen, dowéinst gi si gären an dëse geféierleche Regiounen agesat.

Wann eng Rat e Sprengkierper entdeckt, grueft se mat de Patten am Buedem, bis de Minnendéngscht dohinner kënnt. Belount ginn d'Raten da mat Banannen an Nëss. Awer och an der Pensioun wäert de Magawa weider säi Liblingsiesse kréien.

Am September war d'Riesenhamsterrat mat enger Goldmedail vun der brittescher Déierenorganisatioun PDSA ausgezeechent ginn. Dëst ass de Pendant vum brittesche Georgs-Kräiz mënschlech Helden.

D'Organisatioun Apopo ass an Afrika an Asien am Asaz, dat mat Dosende vun dësen intelligente Raten. Si siche souwuel Minnen, wéi och Leit mat Tuberkulos. Eréischt viru kuerzem goufen 20 nei ausgebilte Landminne-Raten an de Kambodscha an hiren Asaz geschéckt. Ma fir si wäert et schwéier sinn, fir de Level vum Magawa ze kréien, deen eng aussergewéinlech Rat ass, där hiren Asaz ee vermësse wäert, esou den Michael Heiman, deen den Asaz fir Apopo am Kambodscha leet.