Haart Geräischer, wéi Trafic oder Freedefeier, eng Angschtsitutatioun oder och en anert Déier, et gi vill Grënn, wisou en Hond fortlafe kann.

Dat en Hond fortleeft, ka jidderengem passéieren, egal wéi gutt een oppasst, sou d'Tanja Forette, Grënnerin vun de "Sichhënn", eng ASBL, déi et zënter 2017 gëtt. Si hunn 10 Asazteams, déi och genuch ze dinn hunn. Hir forméiert Hënn kommen dann an den Asaz, wa quasi all Spuer feelt, ausser déi vum Geroch. Dës Hënn schnoffele virop Muppen nees op, heiansdo awer och Mënschen. Am Schnëtt gi si 2 Mol d'Woch geruff, well nees e Mupp vermësst gëtt. An der Haaptsaach, well se fortgelaf sinn. Dat ka wierklech jidderengem an an den ënnerschiddlechste Situatioune passéieren, sief et beim Fräilaf, datt se en anert Déier gesinn an hannendru lafen, bis bei eng Angschtsituatioun, wou den Hond sech a Panik lassrappt a fortleeft. Dann heescht et, Nerve behalen.

Grad Muppen, déi erféiert goufen, wéi zum Beispill bei Freedefeier oder soss engem haarde Geräisch oder well se Schlëmmes erlieft hunn a souwisou ängschtlech sinn, dreift een dann nach méi wäit fort.

Am Flyer vun de Sichhënn fannt Dir déi richteg Reaktiounen. Eng Saach virop: Nolafen a ruffen ass falsch!

Sou ass et dem Anouk Thill ergaangen, déi am Videoreportage erzielt, wéi Si hiert Sati, eng maltraitéiert Galgo-Mudder aus Spuenien, erëmkrut. Den Hond war nach net laang am Land an du krut et duerch den haarden Trafic vun enger grousser Strooss Angscht an huet sech aus dem Halsband gerappt. D'Sichhënn hunn den Hond den Dag drop bei engem Feld opgespiert, ma afänke goung net, well d'Sati Friemen net traut. Dofir krut d'Madamm Thill de Rot, bei deem Feld ze schlofen, wou hiren Hond vun de Sichhënn gesi gouf. Wat vläicht ugangs ongewéinleche kléngt, huet awer funktionéiert, well no enger laanger Nuecht ronderëm d'Meeschtesch huet d'Sati sech schlussendlech mueres ouni Zwang vum selwe getraut, a hiren Auto ze klammen.

Et gi vill Saachen, déi geféierlech kënne ginn, wann den Hond eleng an der Gewan ënnerwee ass. Leider ginn net ëmmer all d'Asätz gutt aus. Sichhënn fannen och mol en Hond, fir deen all Hëllef ze spéit koum. Dofir ass et wichteg, séier ze reagéieren an direkt d'Police an d'Sichhënn ze alertéieren, wa kloer ass, datt den Hond wierklech fort ass. Zemools, wann en net a sengem bekannten Ëmfeld entlaf ass.

Et ass fir d'Sichhënn och vu Virdeel, wann een eng steril Gerochsprouf huet, zemools wa méi Déieren am Haus liewen. Wéi een déi hëlt, fannt Dir um Site vun de Sichhënn. Do fënnt een och Infoen, wéi een d'ASBL Sichhënn ënnerstëtze kann. Hir Hëllef ass gratis.

Glécklecherweis erliewen déi Benevole och dacks en Happyend, wou den Hond rëm gesond Heem kënnt.