De 15. Oktober ass den internationalen Dag vum wäisse Bengel. En Outil, dee Blannen a Leit mat Aeproblemer am Alldag hëlleft sech z’orientéieren.

Ma heiansdo iwwerhuelen Hënn dës Aufgab. Vue dass et zu Lëtzebuerg nach keng Schoul fir Blannenhënn gëtt, ginn eng Rei Muppen zu Woippy an der Lorraine ausgebilt. Wat si do alles léieren a wéi den Alldag mat Blannenhond ausgesäit, huet d’Valentine Patry sech fir eis ugekuckt.

D’Renée Mischel läit zanter hirer Kandheet ënnert enger Krankheet, duerch déi si lues a lues hiert Aliicht verluer huet. D’Orphée, eng Labrador-Mudder vun 3 an engem hallwe Joer, ënnerstëtzt si am Alldag a begleet seng Meeschtesch iwwerall hin. Zanter 30 Joer scho brauch d’Renée Hëllef, fir sech eleng ze deplacéieren. Hiren éischten Assistenzhond krut si mat 17 Joer. D’Orphée, wat zanter Februar do ass, ass hiren drëtten Hond an ass a Frankräich ausgebilt ginn – esou wéi de Gros vun de Blannenhënn vu Lëtzebuerg. D’Renée kommunizéiert also op Franséisch mat him. An normalen Alldagssituatiounen, wéi zum Beispill um Wee bei de Bäcker, schützt den Hond d’Renée viru Geforen a follegt hire Befeeler.

“Iwwert dee grousse Parking ze goen, wou een u sech och weider keng Unhaltspunkten huet an och ni weess, wou genee d’Autoe stinn, den Hond geet dann einfach laanscht an ech kréie mol net mat, dass een Auto enzwousch steet. A wann ee mam Bengel geet an et bleift ee strikt op sengem geléierte Wee, an et steet mol een Auto an de Féiss, da muss ee sech ploen, fir deen ofzetaaschten, fir ronderëm ze goen”, erkläert d'Renée Mischel.

D’Orphée huet de spezielle Statut vum Blannenhond: Dat heescht, hatt dierf mam Renée an all ëffentlech Plaz eragoen, sief et eng Epicerie, e Bus oder eng Entreprise. Refuséiert ee Betrib hinnen den Accès, muss en zanter 2008 mat enger Geldstrof rechnen. Am Geschäft selwer weess d’Orphée iwwerdeems, dass hatt wärend et schafft, roueg bleiwe soll a waarde muss, bis d’Renée fäerdeg akaaft huet, éiert hatt seng Meeschtesch bei d’Sortie bréngt.

Am Grand-Duché benotzen déi meescht blann Leit e Bengel, fir sech z’orientéieren. En Hond huet dobäi de Virdeel, dass en engersäits Geforesituatiounen erkenne kann an anerersäits op eng 30 Befeeler reagéiert. An och d’Gewunnechte vu senger Meeschtesch kennt d’Orphée. "Dem Orphée seng Aufgab ass et, dass hatt op deene Weeër, déi ech kennen, oppasst, dass mir näischt geschitt.”

Hire Verhalt ass ee vun de gréissten Atoute vun de Blannenhënn. Dass d’Orphée weess, wéi een iwwer d’Strooss geet oder Trape fënnt, läit dodrun, dass hatt dat an enger Formatioun geléiert huet. Zu Woippy bei Metz ginn och Lëtzebuerger Blannenhënn an d’Schoul. Fir der Realitéit sou no wéi méiglech ze kommen, hu se fir d’Hënn een urbane Parcours entwéckelt, wou se ënnert anerem léieren, Trottoiren an Hindernisser z'erkennen. Mat ronn engem Joer fänke se de Cours un.

“On travaille contre tout ses instincts. On va lui demander de pas renifler, de pas aller voir les autres chiens, de pas ramasser la nourriture qui est au sol. Donc forcément on lutte constamment contre leurs instincts et ça reste quelque chose de pas facile",
sou d'Nicolas Zymer.

Vun dohier wier och net all Hond gëeegent, fir Blannenhond ze ginn. Dat fanne se da beim Training eraus, wou se ënnert anerem mat sougenannte Klicker schaffen. Erfëllt den Hond seng Aufgab, signaliséiert den Trainer dat mat engem “Klick”. Hire Certificat kréien d’Hënn no enger Formatioun vu ronn 10 Méint. Eng Aarbecht, déi awer scho kuerz no hirer Gebuert ufänkt. Virun hirer Formatioun am Centre kommen d’Welpen nämlech fir ronn 8 Méint bei Fleegefamillen ënner. Den Dominique Guiot, Moniteur an der Schoul vun de Chiens Guide de l’Est zu Woippy, encadréiert a beréit dës benevole Famillen a Frankräich an a Lëtzebuerg. Sou wéi zum Beispill de Vincent an d’Clémence, déi zanter 5 Joer am Grand-Duché wunnen. Am Summer hu si d’Saya bei sech opgeholl, e Bëbee-Labrador.

D’Clémence an de Vincent wëssen, dass si sech vum Saya trenne mussen, wann hatt ongeféier 10 Méint huet. Bis dohi soll de klenge Mupp sozialiséiert a propper sinn. Si halen also dem Saya säi Behuelen am A an hëllefen him dobäi, säi vollt Potential z’entfalen, sou dass et prett ass fir d’Schoul fir Blannenhënn. D’Saya ass schonn den zweeten Hond aus der Schoul, dee bei der Koppel grouss gëtt.

“On veut que ce soit un super chien qui soit à l’aise partout avec tout le monde, pour lui donner les meilleures capacités pour ensuite rentrer à l’école – si il est fait pour ça! L’école ne forcera jamais un chien à devenir chien guide alors que ce n’est pas fait pour le chien",
sot d'Clémence Varret.

An der Schoul zu Woippy kritt just een Hond op zwee de Certificat, fir Blannenhond kënnen ze ginn.

“Et kann ee scho wierklech soen, dass den Hond engem Sehbehënnerten oder engem Blanne seng Ae sinn", sou nach d'Renée Mischel.

An dacks sinn d’Hënn net just hir Aen, mä och trei Kolleege fir d’Liewen.