
De Mupp heescht Commander an en ass och net eleng, d’Bidens hu schonn ee Schéiferhond gehat a se sollen am Januar och nach eng Kaz kréien. CNN no soll et am Januar esou wäit sinn.
De Biden huet de Mupp e Méindeg mat enger Foto an engem kuerze Video bei Twitter virgestallt. Medieberichter no soll den Hond e Kaddo gewiescht si vun der Famill un den 79 Joer alen US-President.
Am Video op Twitter ass ze gesinn, wéi de “Commander” mat engem Ball spillt. D’Wäisst Haus huet keng weider Detailer zum Déier ginn.
De Biden hat schonns zwee däitsch Schéiferhënn an en hat de Major an den Champ och mat an d’Wäisst Haus geholl. Den Champ ass am Summer gestuerwen. De Major huet Schlagzeile gemaach, well et zu Virfäll mat Mataarbechter vum Wäissen Haus koum. Ënnert anerem soll hien e Member vun der Sécherheetsekipp gebass hunn. Dofir lieft den Hond elo haaptsächlech am Haus vun der Famill zu Wilmington.