
Den eelste männleche Gorilla ass dout. Den op den Numm “Ozzie” gedeefte Mënschenaf ass am Alter vun 61 Joer gestuerwen. Dat huet den Zoo zu Atlanta am US-Bundesstaat Georgia ufanks der Woch matgedeelt.
De Gorilla war en Dënschdeg vun Zoomataarbechter dout opfonnt ginn. D’lescht Joer hat den Ozzie sech mam Coronavirus infizéiert, hat awer just liicht Symptomer. De Gorilla hannerléisst net nëmme Kanner, mee och Enkel an Urenkel.
“Eis Häerzer si gebrach, well et ass eng Legend vun eis gaangen”, huet den Zoo en Dënschdeg op Twitter geschriwwen. An der fräier Wildnis gi Gorillae just ronn 40 Joer al, an Zooe kënnen se och emol ronn 50 Joer al ginn. Mat sengen 61 Joer war den Ozzie deen drëtteelste Gorilla vun der Welt an deen eelste männlechen Aartevertrieder. Dat eelste Gorilla-Weibchen lieft zu Berlin am Zoo. D’Fatou gëtt am Abrëll 2022 65 Joer al.