GriichelandBlesséierte Wal rëm an d'Mier gelooss

RTL Lëtzebuerg
An der Géigend vun Athen war e blesséierte Wal ugeschwomme ginn, deen no medezinescher Versuergung elo rëm an d'Mier gelooss gouf.
© AFP/ARIS MESSINIS

De Wal, dee warscheinlech vun enger Schëffsschrauw um Ënnerkifer blesséiert gouf, krut vun den Autoritéiten Antibiotika, fir rëm fit ze ginn. No senger Fräiloossung ass de klenge Wal an der Gréisst vun engem Delfin a Richtung Insel Salamis geschwommen.

De gesondheetlechen Zoustand vum Déier war allerdéngs nach ëmmer instabil. Ma de Wal hätt awer net nach méi laang am flaache Waasser bleiwe kënnen, “wat en Héichséi-Déier méi laang am Waasser bleift, wat d’gesondheetlech Auswierkunge méi staark sinn”.

Back to Top
CIM LOGO