An eiser Serie hu mir eng Partie Aktivitéiten erausgesicht, déi Dir wärend der Summervakanz an am Alldag kënnt mat Ärem beschte Frënd ënnerhuelen.

Touristen aus dem Ausland zitt et reegelméisseg an de Grand-Duché, fir ze wanderen. Och bei ville Residentë sinn déi sëlleg Wanderweeër beléift. Ma net just Zweebeener erfreeë sech iwwert déi ofwiesslungsräich Trëppeltier, ma och de beschte Frënd vum Mënsch kënnt op den Autopedestren op seng Käschten. Lëtzebuerg verfüügt nämlech iwwer ee vun den dichtste Wanderweeër-Netzer a ganz Europa. 112 Kilometer laang ass zum Beispill de Mullerthal Trail. De grenziwwerschreidenden Escapardenne Eislek Trail streckt sech iwwer 106 Kilometer an och den 52 Kilometer laange Lee Trail gëtt heefeg erop- an erofgelaf. An net ze vergiessen de Minett Trail (90 Kilometer), deen duerch säin Naturreservat an den industrielle Charme faszinéiert.

Bei där grousser Auswiel ass et net ëmmer evident, e Choix ze treffen. Op www.visitluxembourg.lu kann ee sech e gutt Bild vun de Wanderweeër maachen. Nieft flotte Biller vun der Streck liwwert de Site och praktesch Informatiounen iwwert d'Längt, d'Dauer an de Schwieregkeetsgrad vum Tour, d'Parkméiglechkeeten, souwéi d'Schongwierk.

© Screenshot visitluxembourg.lu

Eng gutt Virbereedung ass den A&O

Éier ee seng Fellnues mat op den Tour hëlt, ass et wichteg, sech eng Partie Froen ze stellen an d'Wanderung gutt z'organiséieren. Et ass nämlech net all Mupp fir e längeren Trëppeltour gemaach. Bei méi jonken Hënn a Welpe kéinte laang Wanderungen d'Gelenker an d'Schanke belaaschten. Fir eeler Hënn, deenen hir Fitness net méi déi bescht ass oder bei deene Réck- oder Hëftproblemer diagnostizéiert goufen, kéint esou ee laangen Tour immens ustrengend sinn. Hei soll all Hondsbesëtzer selwer oder zesumme mat engem Veterinär evaluéieren, ob e sengem Véierbeener eng länger Wanderung zoumudde kann oder net.

Entscheet ee sech dofir, am Summer trëppelen oder wanderen ze goen, ass et am beschten, sech scho fréi moies op den Tour ze maachen oder méiglechst kill Wanderweeër erauszesiche mat vill Schied. Reegelméisseg Pausen, an deene sech Mënsch an Déier mat Waasser erfrëschen a kuerz erhuele kënnen, ass e Muss bei héijen Temperaturen. Da stellt sech natierlech d'Fro, wou een am beschten trëppele geet. Ze schmuel Passagen, wou d'Déier ofstierze kann oder klamme muss, solle beschtefalls gemidde ginn. Géi a stengeg Weeër dogéint si kee Problem.

Ganz ouni Ekipement soll ee sech natierlech net op de Wee maachen. Fir länger Spadséiergäng deet de Mënsch gemittlech Trëppelschong un oder péckt zum Beispill Sonnecrème oder Bloderplooschteren an. Och fir den Hond muss ënnerwee gesuergt sinn. Et gëtt recommandéiert, de Mupp net direkt virun enger ustrengender Wanderung ze fidderen, mä d'Déier op d'mannst eng Stonn verdauen ze loossen, éier et lassgeet. Wärend dem Tour sollen d'Hondsmeeschteren eng liicht Schossel a genuch Waasser fir hiert Déier dobäi hunn. Et kann duerchaus virkommen, dass sech de Flocki ënnerwee wéideet. Séier kann duerch spatz Steng eng Schnëttwonn entstoen. Dowéinst ass net verkéiert, en Éischt-Hëllef-Set fir Hënn anzepaken. An deene meeschten Éischt-Hëllef-Setten, déi een ze kafe kritt, sinn Desinfektiounsmëttel, Verbänn an eng Pincette dran. Sollt sech den Zweebeener ënnerwee blesséieren, kann deen natierlech och dovu Gebrauch maachen. Wien e verspillten Hond huet, kann eng Spillsaach apaken, fir de Mupp ënnerwee nach méi auszelaaschten.

Wärend engem Spadséiergang kann een d'Hausdéier net iwwerall fräi lafe loossen. Op eng Léngt dierf also kengesfalls verzicht ginn. Ma net all Léngt eegent sech gläich gutt fir eng Wanderung oder en Trëppeltour. Fir dem Hond trotz Léngt vill Fräiraum a Méiglechkeeten zum Schnoffelen ze bidden, ass eng Flexi- oder Schleppléngt praktesch. Allerdéngs verheddert sech eng Schleppléngt op verschiddene Strecke gären emol oder bleift a Géigestänn wéi Äscht hänken. Befestegt een d'Léngt un engem Gurt ronderëm d'Hëft, ass et am beschten, dës op geféierleche Plaze lass ze maachen, fir Accidenter ze vermeiden, sollt den Hond mol onerwaart fest zéien.

Huet ee sech am Virfeld genuch Gedanken iwwert den Trëppeltour gemaach, steet der gemeinsamer Aventure soumat näischt méi am Wee.