Ob um Halsband oder Léngt: e giele Schlapp oder e giele Foulard sinn net einfach en Accessoire, mä sollen aneren Hondsbesëtzer e Message iwwermëttelen.

Virun zéng Joer gouf d'Initiativ "Gulahund" vu Schweden an Australier an d'Liewe geruff, wat näischt anescht bedeit wéi "gielen Hond". Mëttlerweil huet sech de giele Schlapp an enger Partie Länner etabléiert. Zil ass et, anere Mënschen an hire Véierbeener mat Hëllef vun engem giele Putsch um Halsband, Geschier oder un der Léngt matzedeelen, dass si sollen Ofstand halen.

D'Grënn kënne ganz ënnerschiddlech sinn. E Mupp kann aus dem Déiereschutz stamen an dowéinst Angscht virun enger neier Ëmgéigend an anere Mënschen an Déieren hunn. De Putsch kann och bedeiten, dass eng Fellnues krank ass, eng ustiechend Krankheet huet oder grad Reha mécht. Ausserdeem kann et zum Ausdrock bréngen, datt e Véierbeener leefeg ass oder eng Ausbildung zum Therapiehond mécht. Hënn, déi schlecht Erfarunge mat aneren Aartgenosse gemaach hunn, hunn och heiansdo e giele Foulard oder e giele Schlapp un.

En einfacht non-verbaalt Zeechen, mat deem Hondsmeeschteren hiren Hausdéiere wëllen e gewësse Fräiraum ginn a wat vun anere Leit soll respektéiert ginn. Hei dierf allerdéngs net vergiess ginn, dass ville Mënschen de giele Putsch oder de giele Foulard kee Begrëff ass.