Zanter e puer Wochen taucht ëmmer rëm een Orca un der nordfranséischer Küst an an der Seine op. Experten no kéint d'Déier krank sinn.

Wéi et vum franséische Sender BFMTV e Mëttwoch geheescht huet, ass aktuell nach onkloer, wéi d'Déier do gelant ass. Den Orca gouf de 5. Abrëll fir d'éischte Kéier vun der Besatzung vun engem Fëscherboot virun der normannescher Küst an zanterdeem ëmmer rëm an der Géigend vun der Küst, mä awer och an der Seine gesinn.

Experten no kéint de Schwäertwal krank sinn, e gesäit deemno immens ofgemoert aus a soll Pilz op der Haut hunn. Ongewéinlech ass och de Fait, dass en eleng ënnerwee ass, wat wuel dorop hindeit, dass e säi Grupp verluer huet a Schwieregkeeten huet sech z'ernären. Bis ewell ass näischt ënnerholl ginn, fir den Orca zeréck an d'Mier ze bréngen, et ginn awer ënnerschiddlech Iddie gepréift an diskutéiert.