Tiger, Krokodil & CoVerschidden EU-Länner wëlle wëll Déieren als Hausdéier verbidden

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg setzt sech fir de Schutz vu wëllen Déieren an an huet dowéinst zesumme mat aneren EU-Staaten eng Initiativ zu Bréissel virgestallt.
© AFP

Wëll Déiere wéi Tigeren oder Krokodillen dierften, wann et verschiddenen EU-Länner nogeet, net méi als Hausdéier gehale ginn. Hannergrond si Bedenken a puncto Déier-, Aart- a Gesondheetsschutz. Den Handel mat wëllen Déiere wier eng vun de gréisste Menacë fir d’Aartevillfalt, heescht et vun den EU-Länner Zypern, Lëtzebuerg, Malta a Litauen. Si hunn hir Initiativ en Dënschdeg bei engem Treffe vun den EU-Agrarministere presentéiert.

Déi véier EU-Staaten hunn eng “Positiv-Lëscht” proposéiert, op där Déieren opgelëscht ginn, déi an der EU als Hausdéieren dierfe gehale ginn. Wëll soen, dass all Déier, dat net op där Lëscht steet, an der EU net méi dierft privat gehale ginn. Iwwerdeems Kazen an Hënn laang a glécklech mat Mënschen ënnert engem Daach liewe kënnen, wier dat bei verschiddene Villerchersaarten oder Reptilien net de Fall.

Vill vun den Déieren a Gefaangenschaft hätte virdrun a fräier Natur gelieft. Als Konsequenz géinge si elo ënner Stress, Langweil, Depressiounen a Verhalensproblemer leiden. Wëll Déieren hu komplex sozial an ernärungstechnesch Bedürfnisser, déi et schwéier maachen, si esou ze fleegen, wéi si et brauchen, huet den däitsche Landwirtschaftsminister Cem Özdemir ënnerstrach. Dowéinst wëll och Däitschland d’Propos vun de véier EU-Länner ënnerstëtzen.

Donieft hunn déi véier EU-Staaten op eng Etüd vum UN-Ëmweltprogramm verwisen, där no eng Abberzuel wëll Déiere beim Transport gestuerwe sinn oder wéi si gefaange goufen.

Back to Top
CIM LOGO