Kee wollt hien hunn, elo ass de 17 Joer ale Baaschtert e Star.

Seng bescht Joren huet de Véierbeener hannert sech, ma säi gréissten Erfolleg dierf hie mat stolze 17 Joer nach feieren. Hien huet sech nämlech déi éischt Plaz beim "World's Ugliest Dog Contest" geséchert.

Eng Wëndel gehéiert mëttlerweil zum Alldag vum Mister Happy Face a lafe fält him och net méi ganz einfach, awer de Mupp genéisst säi Liewensenn a vollen Zich. 10 Méint lieft d'Fellnues scho bei senger Meeschtesch Jeneda Benally. Eng laang Zäit, wann ee bedenkt, dass d'Veterinärin vun ongeféier 6 Woche verbliwwener Liewenszäit ausgaangen ass. Dëst hat d'Jeneda Benally awer net dovunner ofgehalen, de Baaschtert z'adoptéieren. Si wosst vun Ufank un, wat se wéilt: den eelsten Hond aus engem Déierenasyl adoptéieren, dee gläichzäiteg och am schwéiersten ze vermëttelen ass. An dat war de Mister Happy Face.

RTL

© JOSH EDELSON / AFP

Et war eng spontan Decisioun, hire Mupp beim Concours "World's Ugliest Dog Contest" unzemellen. D'Benally, déi zesumme mat hirem Véierbeener an Arizona wunnt, war grad deen Ament op Déngschtrees a Kalifornien. Eng Schnapsiddi, déi sech, wéi et schéngt, gelount huet. D'Präisgeld vum Titel "ellensten Hond vun der Welt" ass nämlech op 1.500 Dollar dotéiert, wat ëmgerechent ronn 1.400 Euro sinn. Donieft gëtt et fir de Gewënner en Optrëtt an der NBC-Show "Today". Aus dem fréieren Asyl-Hond, dee kee wollt hunn, gouf bannent e puer Stonnen e richtege Star.