Eng 35 Joer al Fra ass an der Urgence vun engem Spidol opgefall, well si vun enger Klapperschlaang gebass gi war. D'Police ass der Saach nogaangen.

An der Wunneng vun der Fra aus der Gemeng Sehlde hunn d'Beamten iwwer 110 Wierg- a Gëftschlaange séchergestallt. Se waren deelweis och net aartgerecht gehalen an och net an de virgeschriwwenen Terrarien.

Opgefall war dat Ganzt wéi scho gesot, nodeems d'Fra vun enger vun hire Klapperschlaangen an de Fanger gebass gi war. Am Spidol huet sech hiren Zoustand därmoosse verschlechtert, dass si huet missen an d'Klinikum der Medizinischen Hochschule Hannover verluecht ginn. Do krut si e Géigemëttel, dat extra aus dem Tropeninstitut Hamburg ugeliwwert gouf.

D'Fra huet vu 70 bis 80 Schlaange geschwat, fonnt huet d'Police wäit iwwer 100. Reptilien-Experte goufen op d'Plaz bestallt, déi sech sämtlech Déieren ugekuckt hunn, ier si sech hinnen ugeholl hunn. Der Fra wénkt nieft enger säfteger Spidolsrechnung och nach e Protokoll.