
Den Orca, deen Enn Mee an der Seine gestuerwen ass nodeems e sech dohi verlaf an net méi rausfonnt huet, hat wuel eng aner Geschicht hannert sech, wéi bis ewell ugeholl. Zwou Wochen hate Rettungsekippe probéiert, d’Déier zréck an d’Mier ze navigéieren, dat ouni Succès. An engem Labo zu Paräis gouf den doudege Wal ënnersicht a lo läit en Autopsie-Rapport vir.
D’Autoritéiten a Frankräich ware bis ewell dovun ausgaangen, datt d’Déier krank gewiescht wier. Op Loftopname vum Déier wiere Geschwulster an Ausschlag z’erkenne gewiescht, wouduerch ee vun engem Pilzbefall ausgaange war, deen och Auswierkungen op d’Gehier hätt kënnen hunn.
Ma wéi sech erausgestallt huet, kann et sinn, datt den Orca express blesséiert gi wier: Wéi “Le Parisien” gemellt huet, gouf am Fleesch vum Wal Munitioun fonnt. D’Mieresschutzorganisatioun Sea Shepherd huet dem Artikel no eng Belounung an Héicht vun 10.000 Euro fir Hiweiser ausgestallt, déi zum Täter féieren. D’Ermëttlunge lafen, mellt “Le Parisien”, mam Hiweis, datt esou eng Dot a Frankräich mat bis zu dräi Joer Prisong an 150.000 Euro bestrooft ka ginn.
“Déi warscheinlech Hypothees ass, datt e Fëscher op d’Déier geschoss huet”, sot d’Lamya Essemlali, déi fir Sea Shepherd aktiv ass. Der Organisatioun no hätt een duerch esou eng Belounung schonn eng Kéier 2019 mat Succès Informatiounen doriwwer kritt, wie Séihënn zu Finistère gekäppt hat.
Den Orca aus der Seine wier allerdéngs net direkt un der Schossblessure gestuerwen: “Et weess een nëmmen, datt d’Kugel net den Doud verursaacht huet. De Schoss gouf vu Wäitem ofgefeiert, d’Kugel ass net zu de Schanke virgedrongen”, sot d’Déiereschützerin Sophie Poncet. Méi Erkenntnisser aus dem Geweebe loosse sech fir d’kriminell Opschaffen net ofleeden. D’Zäit an d’Plaz vun der Dot si weider onbekannt.
RTL News: Keen Happy End an der Seine - Kranken Orca a Frankräich ass dout