D'Déierenasyler si gerammelt voll. Do kéint ee mengen, se wiere frou, hir Déiere lass ze ginn. Vermëttelt gëtt awer just, wann et och wierklech passt.

Et ass e bekannte Problem. Déi véier Déierenasyler zu Gaasperech, Schëffleng, Diddeleng an Esch sinn iwwerfëllt. Zemools iwwert d'Vakanzenzäit sinn ëmmer méi Plazen an den Asyler beluecht. D'Pandemie war hei awer net hëllefräich. A leschter Zäit goufen ëmmer rëm jonk Hënn ofginn, déi d'Leit sech wärend dem Lockdown oder kuerz duerno zougeluecht hunn. Spéitstens elo wou den Homeoffice gréisstendeels ëmmer manner gëtt, stinn d'Besëtzer da virun engem Problem: Si hu keng Zäit méi fir den Hond oder dëse passt einfach net méi an déi aktuell Liewenssituatioun. Also kënnt en an den Asyl.

Mëttlerweil ginn et dowéinst souguer Waardelëschten, fir säin Déier ofzeginn. Am Gaasperecher Déierenasyl schätzt ee réischt am September rëm, nei Hënn kënnen opzehuelen.

Trotz der Iwwerlaaschtung ginn d'Déieren awer net un egal wie vermëttelt. Bei all Hond gëtt genee gekuckt, wat dëse brauch a wéi ee Charakter en huet. Da gëtt och gekuckt , ob dëse sech mat Kanner, mat Kazen a mat aneren Hënn verdréit. All dës Informatioune spillen duerno bei der Vermëttlung eng Roll. Ass dann een um Déier interesséiert, passt een och hei op, dass d'Liewenssituatioun an d'Famill bei den Hond passt. Dat heescht awer och, dass een deem een oder anere muss Nee soen, an dat kënnt bei de Leit dacks schlecht un.

"Et gëtt d'Rumeur, bei eis géif ee mat 50 oder 60 Joer keen Hond méi kënnen adoptéieren. Dat ass awer falsch. Mee ech kann awer keng Dogg vu 50 Kilo enger Persoun vermëttelen, déi schonn eeler an net méi gutt op de Been ass. Dat huet näischt spezifesch mam Alter ze dinn, mee déi Persoun géif den Hond dann einfach net packen, wann en eng Kéier zitt", erkläert d'Liliane Ferron, Spriecherin vum Gaasperecher Déierenasyl.

Änlech Situatioune beim Schëfflenger Déiereschutzveräin. "Da gëtt gesot, mir géifen en Hond net an en Appartement vermëttelen. Dat ass net richteg. Et ginn och Hënn, déi an engem Appartement kënne glécklech ginn, mee net all Hond ass fir en Appartement gemaach", sou de Sacha André, President vum Schëfflenger Déiereschutzveräin.

D'Leit missten einfach Versteesdemech dofir hunn, dass eben net all Hond bei all Mënsch passt. Wann d'Asyler bei enger Vermëttlung Nee soen, dann am Wuel vun Déier a Mënsch. "Mir wëllen einfach verhënneren, dass et dann no der Vermëttlung Probleemer doheem ginn an den Hond e puer Deeg, e puer Wochen oder e puer Méint duerno rëm hei lant", sou d'Liliane Ferron.

De Sasha André fënnt souwisou: "D'Ausgesi soll bei der Auswiel vum Hond wierklech d'Niewesaach sinn. De Charakter, d'Eegenschaften an ze wëssen, wéi een Hond bei mäin Liewensstil passt, ass vill méi wichteg. Et muss ee jo och wëssen, wéi een Hond wéi vill Auslaaschtung a Beweegung brauch."